Veeam
Daten sinn méi wäertvoll wéi jee a jidd Entreprise verwalt se, fir optimal Clientserfahrungen ze schafen, sech vun de Konkurrenten ofzesetzen an déi digital Transformatioun viraZedreiwen. Awer sou wäertvoll wéi si sinn, kann et deier fir Är Entreprise ginn, falls et zu engem Verloscht vun dësen Daten kéim.
Mat Veeam hutt Dir e Partner fonnt, deen eng bis elo onübertraffen Datemanagement-Léisung bitt. Dës stellt Iech den néidege Komfort, eng ëmfassend Flexibilitéit an déi verdéngte Zouverlässegkeet zur Verfügung, fir Är Daten ze sécheren an doduerch Är Ausgaben ze senken. Software vu Veeam funktionéiert hardwareonofhängeg a ass en Deel vun engem grousse Ökosystem, dat sech aus Storage-Ubidder an Technologie-Partner zesummesetzt, mat deenen hire Produkter Dir garantéiert elo schonn schafft.
Veeam Backup and Replication
Zouverlässeg Backupen
Zouverlässeg Sécherung vu beliebege Workloads, beschleunegt Backupen a reduzéiert Betribskäschte bei maximaler Flexibilitéit.
Séier Widderhierstellung
Blëtzschnell Widderhierstellung vu Fichieren, VMs, NAS an Uwendungen, doduerch niddreg RTOs.
Sécher Replikatioun
Imagebaséiert Replikatioun an optimiséiert Disaster Recovery (DR) fir eng méi héich Geschwindegkeet, Sécherheet a Verfügbarkeet.
Cloud-Portabilitéit
Sécherung, Widderhierstellung oder Migratioun vun alle Workloads vun an op AWS oder Microsoft Azure mat Funktionalitéiten, déi Är Daten viru Attacke schützen.
Intelligent Späicherung
Séier Erstellung vu Backup-Fichieren a Replikaten aus Snapshots mat Hëllef vun der Hardware bal vun alle grousse Späicherhiersteller.
Widderverwendung vun Daten
Widderverwendung vu Backup-Daten, fir d'Sécherheet, d'Compliance an d'Widderhierstellbarkeet ze garantéieren, souwéi fir zouverlässeg Updates a fundéiert Decisiounen.
Instant VM-Recovery
Dëst patentéiert Feature ass Deel vun Veeam Availability Suite a suergt dofir, dass iwwer déi fortschrëttlech Engine Widderhierstellunge vu Backupen, Snapshots a Replikatioune sofort ëmgesat kënne ginn. Duerch d'Méiglechkeet, d'Instant Recovery un e puer VMs gläichzäiteg duerchzeféieren, entstinn bei enger bis zu fënnefacher Widderhierstellungsgeschwindegkeet ëm e Villfacht méi kuerz Ausfallzäite am Zesummenhang mat Widderhierstellungen a Migratiounen.
Veeam One
Veeam One ass en ëmfassend Monitoring a Reporting Tool. Duerch d'Ënnerstëtzung vu
Veeam Backup and Replication
de Veeam Agents an e puer Virtualiséierungsprogrammer, wéi Microsoft Hyper-V, erméiglecht Iech dës Software, den Iwwerbléck iwwer Är physesch a virtuell Maschinnen ze behalen. Weider kann duerch Veeam One d'Automatiséierung vu villen Prozesser verwierklecht ginn, fir Är Kapazitéiten op aner Ugeleeënheeten ze fokusséieren. Dat Ganzt baséiert op interaktive Tools a maschinellem Léieren. D'Zil ass et, Problemer z'erkennen an ze beseitegen, ier si sech op de laufende Betrib auswierken.
Monitoring a Reporting
Ëmmer informéiert bleiwe mat
24x7-Echtzäitabléck a physesch,
virtuell a Backup-Ëmfeld.
Kapazitéitsplanung a Prognosen
Zouverlässeg Zuelen amplaz vu Schätzwäerter fir d'Prognos vum zukünftegen Infrastrukturbedarf an d'Planung vu Storage-Investitiounen.
Intelligent Automatiséierung an Diagnosefunktioun
Käschte senken a méi séier reagéiere bei der Behiewung vun heefegen Infrastruktur-
a Backup-Problemer.
Veeam Availability Suite
Am beschte gesécheren sidd Dir mat der Veeam Availability Suite. Dëst Produkt vereent
Veeam Backup and Replication
an
Veeam One
zur beschter Wiel, wann et ëm Datesécherung, Widderhierstellung, Iwwerwaachung an d'Anhale vu Virschrëfte geet.
An dat alles iwwer eng Plattform!
Veeam Backup and Replication
Backup
- Zouverlässeg Backupen
- Sécher Replikatioun
- Intelligent Späicherung
- Séier Widderhierstellung
- Cloud-Portabilitéit
- Widderverwendung vun Daten
Veeam Availability Suite
Why not both?
- All Funktioune vu Veeam One a Backup and Replication
- Zentral Léisung fir d'Sécherung vun ortsonofhängegen Daten
- Verwaltung vu Backupen an Daten iwwer eng eenzeg Konsol
- Fräi Storage- a Cloudwiel ouni Ubidderbindung
- Datenotzung ganz no de Sécherheets- an Effizienzufuerderunge vun Ärer Entreprise
Veeam One
Monitoring
- Proaktiv Benoriichtegung
- Intelligent Automatiséierung an Diagnos
- Chargeback a Billing
- Monitoring a Reporting
- Kapazitéitsplanung a Prognosen
- Governance Compliance