Skip to Content

Lifesize

Konferenzraumléisungen

 

Kommunikatioun fir den modernen Aarbechtsplaz

 

Déi perfekt Mëschung aus intelligente Konferenzraumsystemer a benotzerfrëndleche Videokonferenz-Apps zeechent Lifesize aus. Eis ëmfaassend Léisung – Hardware, Software a Service – ass nahtlos integréiert. Super Videokonferenze ginn esou fir Iech zu enger Méiglechkeet, bei all Gespréich en erausragenden Androck ze hannerloossen.

A Corona-Zäiten weider aktiv bleiwen

Bleift mat Äre Mataarbechter a Clientë a Kontakt

Schwéier Zäite brauche intelligent Léisungen an a Zäite vun enger Epidemie kënne modern Videokonferenzléisungen mat Apps, Browserléisungen a Konferenzraim Iech ënnerstëtzen, ouni reale Kontakt mat Äre Clientë a Mataarbechter aktiv um Geschéien deelzehuelen, ouni sech a Gefor ze bréngen. Schafft vun doheem, iwwer Homeoffice, starte Konferenzen, tauscht d'Büro géint déi eege 4 Wänn. 

Bitt Äre Clientë a Mataarbechter eng sécher Aarbechtsëmgéigend un. 

Gratis 14 Deeg Demozougang

Mir begleede Iech bei der Aféierung an hëllefen Iech, d'Léisung iwwer Fernwartung ëmzesetzen. 

Nahtlos Integratioun

Lifesize kann mat alle wichtegen Tools fir d'Kommunikatioun an d'Zesummenaarbecht a Betriber integréiert ginn, dorënner Microsoft® Office® an Teams, Slack®, Google CalendarTM an anerer – sou ass en nahtlose Erliefnis gewährleescht.

Globaalt Netzwierk

Eis an der Branche eenzegaarteg global Präsenz hëlleft Iech, Är international Teams matenee ze verbannen: Mir verfügen iwwer éierstklasseg Rechenzentren an allen wichtege Märkt an iwwer e weltwäit Netzwierk vu méi wéi 3.500 Partner.

Geschützt Kommunikatioun

Lifesize bitt Betriber Sécherheet bei der Video- an Audio-Kommunikatioun. Mir verschlësselen souwuel d'Signal wéi och d'Medien automatesch iwwer eisen Déngscht  an bidden dobäi exzellent Qualitéit a Leeschtung.

Erausragende Clientsservice

D'Zefriddenheet vun eise Clienten ass onerreecht – eisen NPS läit bei 84 a mir stinn hanner eisem Service mat engem branchenféierende SLA, deen eng Betribszäit vun 99,9 % festschreift.

Ëmfaassend, marktféierend Léisung

 

Déi benotzerfrëndlech Lifesize-App ass doropper ausgeluecht, d'Kommunikatiounsméiglechkeeten ze verbesseren, déi vun Ärem Team benotzt ginn – vu perséinlechen Uriff bis hin zu standortiwwergräifende Betribsmeetings. D'App bitt en nahtlose Erliefnis op allen Apparater souwéi e integréiert, sichbaséiert Verzeechnes, onbegrenzt Gäscheinlaadungen a Steierelementer fir Moderateuren. Sou gëtt d'Zesummenaarbecht zum Kannerspill an Dir hutt d'Gefill, direkt virun Uert ze sinn.

Eis Offeren

Apparater

 

Android, iOS, Mac a PC

  • Webbrowser
  •  Smartboards
  •  Raumsystemer
  •  Phone HD (Dëschmikrofonen inkl. Touch)    

Charakteristiken

 

Videokonferenzen a 4K

  •  Global Audiokonferenzen, Écranfreigab
  •  Webbaséiert Administratioun, Support 24/7
  •  Opnam, Private / Public Streaming, Webcast
  •  Global Adresslëschten (intern oder iwwer AD/LDAP)    

Interoperabilitéit

 

WebRTC, Slack, Skype for Business

  •  Google/Exchange Kalenner, Poly
  •  Cisco, Teams, Amazon Chime
  •  Office 365
  •  Microsoft Exchange an Outlook

Lifesize-Abonnementer

Wann Dir all Benotzer an all Konferenzraum an Ärem Betrib mat Lifesize ausstatt, kann jiddereen zu all Moment séier an onkompliziert Verbindung mat anere Mataarbechter opeholen, wouduerch d'Zesummenaarbecht gefërdert an d'Produktivitéit gesteigert gëtt. Mat eise flexibele Abonnementer kënnt Dir Äre Kont personaliséieren an no Wonsch Funktiounen derbäifügen.

  • Microsoft®-Integratiounen

  • Lifesize Record and Share

  • Gespréicher tëscht 300 Standuerter

  • a vill weider!

Lifesize Icon Serie

Eis professionell Audio- a Videokonferenzausrüstungsserie gouf entworf, fir Är Meetings zu engem super Erliefnis ze maachen. Wann Dir eis innovativ Hardware mat eisem Cloud-baséierten Déngscht verbënnt, erlieft Dir, wéi Lifesize all beliebege Beräich a Sekondenschnelle an e Konferenzraum verwandelt.

  • Plug-and-Play-Konfiguratioun

  • Intuitiv Steierung

  • Automatesch Software-Updates

  • Eenzegaartegt Benotzererliefnis

Konferenzraumléisungen fir all Konferenzraim

vum Besprechungsraum bis zum Auditorium

Well mir deen eenzegen Ubidder an der Branche sinn, deen souwuel en eegene Cloud-Déngscht wéi och déi verbonne Videosystemer entworft an ëmsetzt, sinn mir an der eenzegaarteger Positioun, d'Benotzererliefnis komplett ze steieren. Eis vill beachte (an zu Recht ausgezeechent) Lifesize Icon-Serie mat Lifesize® Phone™ HD ass eng komplett Videoraumléisung. Lifesize Dash™ dogéint erzeegt e Raum mat enger Chromebox, enger zertifizéierter Webcam a zertifizéierten Audioapparater.