Backup-Aarten
Dateverloscht kann haut méi dramatesch sinn wéi jee. An och d'Méiglechkeete vun den Ursaache klammen constant. De Schutz virun Cyberkriminalitéit gouf schonn op de Cyber-Security-Säiten ofgedeckt. Mä wat kann ee maachen, wann einfach emol e Server de Geescht opgëtt? Oder wann et emol e Stroumausfall gëtt an all Apparater op eemol ouni Stroum sinn? D'Folgen bei esou Tëschefäll sinn meeschtens fatal. Zerstéiert Datebanken, Apparater, déi guer net méi starte wëllen, a folglech de Stëllstand vun der Entreprise. Mat de Produkter hei drënner stelle mir Iech vir, wéi eng Aarte vu Léisunge et gëtt a firwat Dir dës dréngend an Är Entreprise abannen sollt.
QNAP
Quality Network Appliance Provider - d'Entreprise selwer spezialiséiert sech op Späicher-, Netzwierk- an intelligent Videoinnovatiounen. Mir ginn hei méi op d'Storage-Léisunge vu QNAP an, fir Iech ze weisen, wéi einfach Datenverwaltung a Sécherung funktionéiere kënnen.
APC-USV
USV - Also "ënnerbriechungsfräi Stroumversuergung". Schneider Electronics huet mat APC-USV en immens ausgereifte Produit op de Maart bruecht a ass säitdeem och Marktféierer an dësem Beräich. Mir wëllen Iech d'Technologie méi no bréngen an Iech iwwerzeegen, wéi néideg si an Ärer Entreprise ass.
Veeam
Niewent de béiden Hardware-Risen ass awer och déi richteg Software néideg. Veeam ass e féierenden Ubidder vu Datesécherungsléisungen am Softwareberäich. Einfach Installatioun, Konfiguratioun a flexibel Abannung an all Ëmfeld sinn d'Punkten, déi Veeam an Ärer Entreprise onverzichtbar maachen.