Skip to Content


Leeschtung  an Sécherheet

The X G S firewall

Dobäi handelt et sech em en Dual-Prozessor-System, dat Attacken op Äert Netzwierk effektiv erkennt an ofwiert an am Fall vun enger Infektioun duerch Malware dat betraffent Geräit isoléiert, fir en Ausbroch am Netzwierk ze verhënneren. 

An dank dem Xstream Flow Processor , engem leeschtungsstarke Multi-Core-Prozessor, ass dat alles ouni Leeschtungsverloscht méiglech.

Erkennen. Ofwieren. Schützen.

Déi dräi Säulen vun der XGS-Firewall fir d'Sécherheet an Ärem Netzwierk ze garantéieren.

Risike opdecken

D'XGS Firewall ënnerstëtzt Iech dobäi, Risiken bei bestëmmten Aktivitéiten z'erkennen, verdächtegen Dateverkéier ze identifizéieren a komplex Bedroungen ze analyséieren. Sou kënnt Dir den Iwwerbléck iwwer d'Netzwierk erëmgewannen.

Bedroungen ofwieren

Hei kommen Schutztechnologien vun der Spëtzeklass zum Asaz. Deep Learning, d.h. en neuronaalt Netzwierk, dat sech stänneg weiderentwéckelt, an Intrusion Prevention wieren Malware an Aschleeër gezielt fir Iech of.

Infizéiert Systemer isoléieren

Sollt et zu enger Infektioun kommen, reagéiert d'Firewall automatesch, isoléiert dat befallent System a schützt d'Netzwierk viru enger Verbreedung.

Extra staark Leeschtung bei vollem Schutz

Déi  X G S  - Appliances erscheinen schonn mam neie  Sophos Firewall Operating System (SFOS) an der  Versioun 22.0 a kënnen mat hiren dedizéierten Xstream Flow Prozessoren  dofir suergen, dass Uwendungen beschleunegt ginn,  TLS Inspection mat héijer Performance  duerchgefouert ka ginn an och e staarke Schutz géint Bedreeungen nach gebraucht gëtt.

D'Xstream-Architektur vun der Sophos Firewall déngt dozou, en onglaublecht Mooss u Transparenz a Schutz ze bidden, ouni Performance-Aschränkungen befierchte ze mussen. Sou suergen mir fir Iech derfir, dass Är Netzwierk den haitegen Gefore problemlos standhale kann.

Odoo • Image and text

TLS 1.3 Inspektioun

Verschlësselung ass wichteg, dat hunn leider och Hacker gemierkt!  
Laut aktuelle Statistike sinn ongeféier 90% vum gesamten Internetverkéier verschlësselt a sou fir déi meescht Firewalls net z'erkennen. Doduerch hunn et Hacker méi einfach, Malware an aner potenziell ongewollt Uwendungen a Netzwierker anzeschläichen an erheblechen Schued unzerichten. D'Méiglechkeet vun der SSL-Inspection gëtt et scho laang, mä leider hunn der vill Netzwierkadministrateuren bis elo befürchtet, dass sech dës Funktioun negativ op d'Netzwierk-Performance an doduerch op d'User-Experience auswierke kéint.

Dës Angscht kënne mir Iech huelen, well d'Sophos Firewall verschlësselten Dateverkéier ouni Problemer iwwerpréiwe kann, sou dass et fir User an Administrateure kee spürbaren Ënnerscheed gëtt, trotz onglaublech erhéigter Sécherheet!

Deep Packet Inspection

Sophos leet Wäert drop, dass een fir Sécherheet keng Abstrécher bei der Performance maache muss. A mir natierlech och net.
Mat der leeschtungsstarker Deep Packet Inspection (DPI)  Engine gëtt den Dateverkéier op Bedreeunge ënnersicht, ouni de Prozess duerch e Proxy ze verlangsamen. Doduerch kann d'Veraarbechtung vun den Donnéeën komplett op d'DPI Engine ausgelagert ginn, wat d'Latenz ëm e Villfacht reduzéiert an d'Effizienz insgesamt erheblech erhéicht ka ginn.

Sophos Firewall verhënnert also d'Verbreedung vun der neierer Ransomware a blockéiert Sécherheetslécken mat der Héichleeschtungs-Streaming-DPI, mat zousätzlecher Next Gen Intrusion Prevention, Web-Schutz an Application Control, souwéi Deep Learning a Sandboxing, dat vu SophosLabs Latrix ënnerstëtzt gëtt.

Uwendungs-Beschleunegung

Beschleunegung vum geschäftlechen Uwendungs-Traffic, fir Äre Workflow ze verbesseren.   
Dateverkéier fir Filialen, Cloud-Uwendungsserver oder Remote-User ass deen, deen am relevantste fir Är Entreprise ass. A fir dësen vertrauenswürdege Traffic sinn natierlech keng Iwwerpréifunge op Malware néideg. Dofir kënnen dës Donnéeën intelligent duerch de FastPath weidergeleet ginn. Dat reduzéiert d'Latenz immens an déi gesamt Leeschtung gëtt optimiséiert, sou dass d'Rechenleeschtung op déi wesentlech Bedreeunge konzentréiert ka ginn.

Duerch déi nei Xstream-Flow-Prozessoren kann also Dateverkéier wéi VoIP, Video, SaaS, SD-WAN an aner vertrauenswürdeg Uwendungen automatesch oder iwwer konfiguréierbar Richtlinnen iwwer de FastPath iwwerdroe ginn.


 

User-Interface

Mat der neier Hardware, déi an der XG-Serie verbaut gouf, koum och d'Abannung an d'Synchronized Security an doduerch och den Ëmstig op eng nei Benotzeroberfläch.
Am sougenannte Control Center fannt Dir all Tools a Funktiounen, fir Är Netzwierksécherheet drastesch ze erhéijen, an dat bei bal gläichbleiwender Performance.

Gesitt selwer déi benotzerfrëndlech Ëmsetzung vun der Benotzeroberfläche a wat si ze bidden huet.

Odoo - example 2 for three columns

XGS-Desktop-Modeller

All Sécherheetsfeatures vun de gréissere Appliances ginn ënnerstëtzt, awer d'Form ass entspriechend ugepasst, fir a klenge bis mëttelgrousse Betriber oder a Filialen opgestallt ze ginn.

Odoo - example 2 for three columns

XGS-1U-Modeller

Mat dëse Modeller hutt Dir déi perfekt Léisung, fir mëttelgrouss Entreprisen an Entreprisen mat Verdeelung op méi Standuerter mat der néidegerer Sécherheet ze versuergen.

Odoo - example 2 for three columns

XGS-2U-Modeller

Hei handelt et sech ëm déi Highend Firewall aus dëser Serie. Dës Modeller kommen a grousse, weltwäit verzweigten Entreprisen a Rechenzentre zum Asaz a bréngen maximal Performance mat.

Sophos Firewalls - Allgemeng Features

Wannechgelift beuecht, dass e puer Features lizenzofhängeg sinn. Fir méi iwwer d'Lizenzéierung ze erfueren, kënnt Dir eis gär  kontaktéieren!


Network Protection

Genau de Schutz, deen Dir braucht, fir raffinéiert Attacken a komplex Bedreeungen ofzewieren an vertrauenswürdege Benotzer e sécheren Zougrëff op Äert Netzwierk z'erméiglechen.  



Wireless Protection

An eise Firewallléisungen ass e Wireless Controller integréiert, deen mat allen Modeller vun eise Sophos Wireless Access Points kompatibel ass. Domat kënnt Dir bannent e puer Minutten WLANs ariichten, verwalten a sécheren.


Web Protection

Ëmfassende Schutz viru aktuelle Web-Bedreeungen a leeschtungsstark Richtlinnentools garantéieren, dass Är Benotzer sécher a produktiv um Internet surfe kënnen.


Sandstorm Sandboxing

Sophos Sandstorm hieft Advanced Threat Protection op en neit Niveau – mat modernste Schutz-, Visibility- an Analyse-Funktiounen zur Ofwier vu gezielten Attacken. Sophos Sandstorm erkennt evasiv Malware séier a zouverlässeg, ier si an Äert Netzwierk gelaange kann.

Email Protection

Ëmfassende Schutz fir SMTP- a POP-Messagen viru Spam, Phishing an Dateverloscht mat eiser eenzegaarteger All-in-One-Sécherheet, déi richtlinnebaséiert E-Mail-Verschlësselung mat DLP an Anti-Spam kombinéiert.


Webserver Protection

Häerte Dir Är Webserver a Microsoft Enterprise Applications géint Hacking-Versich of a stellt Dir externe Benotzer mat Hëllef vun der Reverseproxy-Authentifizéierung e sécheren Zougrëff zur Verfügung.