Skip to Content

Kabelzertifizéierung

Och am Vollekslaf Kabelmoossung genannt


  •  D'Moossung vun enger passiver Netzwierkinfrastruktur, also vun den Dosen, Patchpanellen a Keystone-Moduler, ass aus e puer ganz entscheidende Grënn extrem wichteg.

  • Als Betrib muss ee sech drop verloosse kënnen, dass déi beoptragt Aarbecht ordnungsgemooss duerchgefouert gouf.
    Dat bestätegt Iech d'Moossung.

  • Als Optragnehmer muss een sech virun spéidere Haftungsfolgen an Nobesserung ofsécheren. 
    Dat bestätegt Iech d'Moossung.

  • Feeler passéieren, soubal en Techniker iwwer 5 Stonne laanscht Netzwierkdosen opleet, ee verléiert d'Konzentratioun oder gëtt bei der Aarbecht gestéiert bzw. oflenkt.

  • Nëmmen e richteg agestallt Moossgerät kann och richteg Protokoller liwweren. 

  • E puer Installateure hunn de Kärgeschäft am Starkstroumsegment a wéineg Erfahrung mat Dateleitungen. Hei ginn bal ëmmer d'Komponenten net richteg opgeluecht. Nëmmen eng Moossung bréngt hei Kloerheet iwwer d'Installatioun.   
    Typesch Feeler:
    1. Bild: Iwwerdroungsfeeler duerch onsachgemäß Verbindung vun de Kabelen un der Hausfassad, vermehrt Problemer bei Reen bzw. Fiichtegkeet. 
    2. Bild: De Verleegkabel gouf iwwer d'Mëtt vun der Dos geluecht, doduerch gouf d'Isoléierung duerch de Trennsteg an der Mëtt duerchgeschnidden an e Kuerzschluss erzeugt. Verdrillung a Paarschirmung sinn och net vorhanen. 
    3. Bild: Paren vill ze laang an d'Dos geluecht a Verdrillung net méi vorhanen.
    4. Bild: Kuerzschluss tëscht Mass a blo/wäiss rechts uewen z'erkennen. Och d'Paarschirmung gouf vum Installateur ewechgeholl.

Odoo image and text block

Bei eis gëtt mat de neiste Moossgeräter gemooss.

De Fluke DSX-8000 ass deen éischte Cat-8-zertifizéierten Tester um Maart, virgestallt am Januar 2017.
Duerch déi erausragend Diagnoseeigenschafte vum Tester an eis Erfahrung fanne mir och de verstoppte Mängel a kënne en an de meeschte Fäll och direkt behiewen.