Skip to Content

QNAP

Quality Network Appliance Provider - de Betrib selwer spezialiséiert sech op Späicher-, Netzwierk- an intelligent Videoinnovatiounen. Mir ginn hei méi op d'Storage-Léisunge vun QNAP an, fir Iech ze weisen, wéi einfach Dateverwaltung a Sécherung funktionéiere kann.

NAS-Systemer

Network Attached Storage - Systemer vun QNAP setzen e Standard am Beräich vum Netzwierk-Späicher. Ob am Home- oder Businessberäich, haut sinn NAS-Systemer kaum nach ewechzedenken.

Duerch fein Selektioun vu Komponente fir d'Systemer vun QNAP performe d'NAS-Systemer wéi keng aner. Wat Prozessoren ugeet, bleift den Enthusiasten op Intel-, AMD- an ARM-Säit d'Wal fir déi entspriechend Architektur.

Odoo • Bild an Text
Odoo • Bild an Text
Odoo • Bild an Text

Home-NAS

Am modernen Heem fënnt een allerhand technesch Geräter, déi am beschte Fall och nach matenee am Netzwierk kommunizéiere kënnen. Awer a engem Punkt scheitert d'Harmonie - beim Späichere vu jiddwerengem Daten. Biller um Smartphone sinn nëmmen iwwer Ëmweeër um Fernseh zougänglech a weider Problemer vun dëser Aart féieren zu onheemlech vill Zäitopwand. 
E gemeinsamt Späichermedium muss hier, dat d'Daten vun allen Geräter synchroniséiert. Dat léisst sech mat den NAS-Systemer vun QNAP ganz einfach realiséieren!

Business-NAS

Am Betribsberäich gëtt et an der haiteger Zäit kaum eng Ressource, déi esou wichteg ass wéi Daten. A fir d'Sécherheet vun dësen Daten ass all Betrib selwer verantwortlech. Awer glécklecherweis gëtt et aner Betriber, déi sech drop spezialiséiert hunn, bei dëser Problematik Ofhëllef ze schafen.
Mat den NAS-Systemer vun QNAP fannt Dir fir all Betribsgréisst e passend Gerät, ausgestatt mat modernster RAID-Technologie, fir Datenverloscht an déi domat verbonne Käschten ze vermeiden.

Odoo • Bild an Text
Odoo • Bild an Text

Bei Interessi bidde mir och un, eng komplett Replikatioun vun Ärem NAS-System op eise Server ze erstellen, fir d'Redundanz vum System nach weider auszebauen. Kontaktéiert eis elo fir weider Informatiounen!

D'QTS - en eegent OS

Elo ass déi grouss Fro "wat ass bei engem QNAP NAS den Ënnerscheed zu der externer Festplack respektiv zu Cloud-Produkter?". Ganz einfach - dat sougenannt QTS. Et ass en intelligent Betribssystem, dat dem NAS vill méi Funktiounen an Individualitéit gëtt wéi herkömmlech Späichermedien. Ausserdeem gëtt dëst OS stänneg weiderentwéckelt, fir Iech modernst Uwendungen a Sécherheet ze bidden.

Odoo • Bild an Text

Softwareléisungen

Och wann een bei den QNAP-NAS-Systemer an der Hardware staark Ënnerscheeder tëscht Home- a Business-Geräter fënnt, ass dat bei der Software e bëssen anescht. 

Hei setzt QNAP op Gläichberechtegung. Sou kënnt all System mat enger Villzuel u gratis disponibler Software, déi Iech d'Datemanagement ëm e Räiche vereinfacht an am Fall vun Datenverloscht bei der Widderherstellung hëlleft.

Och fënnt een Onmengen u Third-Party-Programmer, fir zum Beispill Virtualiséierungen oder einfach e Medieserver ze verwierklechen. Och op Android- an Apple-Geräter fënnt een e puer Applikatiounen, mat deenen Dir d'Synchronisatioun vun Ären Daten an d'Management vum NAS och op Mobilgeräter onkomplizéiert ëmsetze kënnt.

Odoo • Bild an Text