Katastrophenschutz
Opriichterhale vun der Kommunikatioun
Nei Zäiten, nei Erausfuerderungen
Duerch d'Erausfuerderung, den Noutrufapparat och am Ausnamezoustand um Liewen ze halen, hu mir en zäitgemäisst an onofhängegt Noutrufsystem ausgeschafft.
D'System baséiert op Richtfunkverbindungen an der doduerch entstoender Datenverbindung tëscht Standuerter. Dës kënne mat Batterien a VoIP-Noutrufsäulen realiséiert ginn.
Wéi een Avantage bitt esou e System am Verglach zum klassesche Amateurfunk?
-
Eng energieautark Léisung, déi mat Batterien a Solarzellen betruede ka ginn.
-
Noutruffer a Bild a Toun kënnen an enger Asazzentral ugeholl ginn.
-
D'Méiglechkeet, Uriff wéi op engem Uruffbeäntwerter ze hannerloossen.
-
E Bléck op d'Kamera vun den Noutrufapparater, fir en Iwwerbléck iwwer d'Lag an enger zentraler Leitstell ze garantéieren.
-
Besseren Kommunikatiounsfluss, well eng bal onendlech Zuel vu gläichzäitege Gespréicher gefouert ka ginn.
-
Vandalesécheren Opbau.
-
Kanaliséieren a besser Verdeelung vun den Asazkräften.
-
Duerch e Vermaschen vun de Sendeanlagen eng ganz héich Ausfallsécherheet.
-
Als Synergieeffekt gëtt nëmmen nach een Internetzougang pro Gemeng gebraucht. Ofdeckung vun den Ausseestanduerter: Schoulen, Hort, Pompjeeën, Rettung, Altstoffsammelstell asw...
Vermaschte Netzwierk
Méi Verbindungen - manner Ausfäll
Duerch d'Vermaschen vum Netzwierk kann den Datenverkéier beim Ausfall vun engem oder méi Punkten trotzdem nach eng Verbindung mam Ziel opbauen. Domat ass net zwéngend eng direkt Siichtverbindung zur eigentlecher Asazzentral néideg, mee eng Siichtverbindung zu den nächsten Noutrufmaaschten erzeegt eng Konnektivitéit mam Gesamtverbond.